Skip to main content

Bei LLArchitectes lauschtere mir op d’Wënsch a Virstellungen vun onse Clienten.

Individuell Leisungen fir
individuell Probleemer

Skizzéieren

De Wäert vun engem Projet kann een um Gewënn u Liewensqualitéit moossen.

Dee schéinste Computerprogramm kann och nëmmen daat ëmsetze wat de Bauhär an den Architekt zesummen ausgeschafft hunn.

Op mat Stëft a Papeier oder op enger Tablett, éischt Iddie kann een am Beschten mat engem klenge Croquis visualiséieren. Dës éischt Etapp erméiglecht eis am séiersten dem Client seng Wënsch ze verstoen an de Projet an ee Gesamt-Konzept ze setzen. An dëser Phase vum Projet ass all Ännerungswonsch nach einfach ëmzesetzen, hei hänkt et just un onser Kreativitéit. Zesummen illustréiere mir wat dir Iech virgestallt hudd, budgétaire awer och u Wunnqualitéit. Den Client steet am Virdergrond, daat ass keen eidelt Verspriechen, mee vun de Grondfundamenter vun enger gudder Zesummenaarbecht.

Modelléieren

Nohaltegkeet ass méi wi just mat nohaltegem Material bauen. Vum Raumkonzept bis Energie iwwer Liewensqualitéit an dem Offall, mir plangen effizient an daat mat vill Léiwt zum Detail.

De Projet steet, da gëtt en elo mat Liewe gefëllt.

Wann all d’Wënsch festgehaale sinn, kënne mer un d’Planung vum Detail goen. Proportiounen, Ausriichtung an Ariichtung, Luucht an Energie, an dëser Phase vum Ärem Projet bauen mer een 3D Model vun Ärem Haus a gräifen all d’Detailer hei eraus. Elo ass och de Moment fir iwwer d’Detailer ze schwätzen. Mir maachen eis awer och parallel schonns Gedanken iwwert d’Nohaltegkeet vum Projet.

Réaliséieren

Den Däiwel läit jo bekanntlech am Detail. Mat dem Know-How vun LLA bidde mir dem Bauhär och an dëser Phase een individuelle Service an eng kompetent Beroddung.

Aus engem Dram gëtt Wierklechkeet.

Den 3D Model steet an d’Detailpläng sinn ausgeschafft? Da steet der Realisatioun vun Ärem Dramhaus an sech näischt méi am Wee. Vum Budget bis d’Chantiersiwwerwachung, vun de Baugenehmegung bis d’Ausschreiwung,mir bidden Iech zu all Moment eng kompetent an individiuell Berodung.

LLA Architectes. Individuel Léisungen an eng kompetent Berodung

Iwwer eis

Eisen Architekturbureau gouf 2013 zu Tënten um Rez-de-Chaussée vun engem Luuchtenbuttekt gegrënnt. Wat als kleng Struktur ugefaangen huet, ass iwwer d’Joren zu engem dynameschen a konstante wuessende Büro ginn. 2019 si mir an eis nei Raimlechkeeten zu Brouch geplënnert – e wichtege Schrëtt an eiser Entwécklung.
Haut si mir e Team vu 6–7 engagéierte Mataarbechter*innen a betreien am Duerchschnëtt ronn 70 Projeten – am private wéi och am ëffentleche Beräich, vun kleng bis grouss. All eenzelne Projet, ass fir eis méi wéi eng Aufgab: et ass eng Geschicht, déi mir zesumme mat eise Clienten schreiwen an duerchliewen.

2013
Säit
7
Mataarbechter
96+
Projeten

Eis Haltung

Mir begleeden eis Clienten bei allen Phasen vun hirem Projet. Mir deelen hir Iddien, hir Zweifel an hir Begeeschterung. Architektur entsteet fir eis am Dialog, am Vertrauen an an enger enker Zesummenaarbecht. Am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht steet d’Nohaltegkeet – energetesch, ökologesch an ekonomesch. Mir si iwwerzeegt, datt gutt Architektur Verantwortung dréit: vis-à-vis vun de Mënschen, vun der Ëmwelt an och vun de finanzielle Ressourcen. Mat modernste Planungstechniken entwéckele mir innovativ a präzis Léisungen, ouni dobäi d’Nohaltegkeet aus dem Bléck ze verléieren. Technologie déngt dobäi ëmmer dem selwechte Ziel: Raim ze schafen, déi laangfristeg Wäert hunn a sech gutt ufillen.

Eis Motivatioun

All Projet ass eenzegaarteg. Vun der éischter Iddi bis zur Realisatioun begleede mir eis Clienten mat Engagement, Transparenz a Passioun.
Mir gleewen un eng Architektur, déi funktionéiert – an déi gläichzäiteg beréiert.

Eist Team

Laurent Lanners

Dipl.-Ing. Architekt
o menge Studium hunn ech iwwert d’Jore vill Erfarung am privaten ewéi och am ëffentleche Bau gesammelt. Mat der néideger Passioun hunn ech et ni verpasst, mech neien Erausfuerderungen ze stellen. Fir mech ass eng gutt Architektur virun allem eng kloer an duerchduecht Äntwert op komplex Ufuerderungen. Ech sinn der Iwwerzeegung, datt déi bescht Léisungen dacks déi sinn, déi einfach, funktionell an evident wierken – ganz nom Prinzip: keep it simple. Mäi Zil ass et, fir all Projet eng passend, nohalteg a qualitativ héichwäerteg Léisung ze entwéckelen, déi souwuel de funktionellen ewéi och de mënschlechen a gestaltereschen Uspréch gerecht gëtt.

Ben Crochet

Dipl.-Ing. Architekt
D'Architektur steet fir kloer Struktur, éierlech Materialitéit an duerchduechte Léisungen. D’Aarbecht ass kreativ a gläichzäiteg pragmatesch, mat transparenter Kommunikatioun an enger staarker Verbannung zur Natur. Besonnesch Renovatioune stellen eng spannend Challenge duer, well si d’Méiglechkeet bidden, aus dem Bestand nees zäitgeméisse a wäertvolle Wunnraum ze schafen.

Boris Schmit

Conducteur de travaux
Meng Erfarung an meng Begeeschterung fir nei Technologien begleeden a beräicheren meng alldeeglech Aarbecht – an der Organisatioun vum Chantier, am Austausch mam Handwierker an am direkte Kontakt mam Client. Gläichzäiteg sinn ech iwwerzeegt, datt gutt Iddien dacks nach ëmmer do entstinn, wou Architektur hire einfachsten Ursprong huet: um Pabeier an mam Bläistëft. Fir mech läit d’Stäerkt genee an dësem Zesummespill – tëscht traditioneller Aarbechtsweis a modernen Instrumenter. Esou kënne bewäert Prinzipien an nei Technologien op eng sënnvoll a konkret Aart a Weis zesummefonnt ginn.

Pedro Rodrigues

Technicien supérieur
No senge Studie konnt hien iwwert Jore genee dat ëmsetze wat hien sech fir säi Beruff erhofft hat. Mat dem gesammelte Knowhow an dem néidege Gefill fir den Detail steet dem Bau vun Ärem Haus näischt méi am Wee.

Ana

Architekt

Architektur ass fir mech méi wéi nëmmen d’Gestaltung vu Raim, si beaflosst d’Aart a Weis, wéi mir liewen a fillen. Dofir plangen ech all Projet mat Opmierksamkeet bis an de leschten Detail. Ech kommunizéiere gär, well ech gleewen, datt gutt Architektur am Dialog entsteet. Mäin Zil ass et, sënnvoll a qualitativ Ëmfeld ze schafen, déi d’Mënschen an hirem Alldag begleeden an hiert Wuelbefanne stäerken.

Morgane

Architekt
Ech sinn dat waat als leschte eisem Team beigetrueden ass, an genau wéi den Laurent an den Ben, mäi Studium an der Architektur op der TU Kaiserslautern absolvéiert huet. Mat vill Energie a Begeeschterung sammelen ech eifreg Erfarung a wëll iwwerall wou ech kenn mäin deel bäidroen, fir die Arhcitektonesch Sprooch vun eisem Bureau wieder ze brengen. Meng dynamesch Aarbechtsweis an mäin Feurwetz spornen mech all Dag op en neits un, fir nei Leisungsusätz fir eis spannend Projet’en un ze stoussen.

Jean-Paul Metzen

Ingénieur Technicien
Och de schéinste Concepter steet heiansdo d’Physik an de Féiss. Mat iwwer 30 Joer Beruffserfahrung steet hien dem Architekt mat senger Experienz an der Statik zur Säit an hëlleft Iech Är Virstellungen a Realitéit ze verwandelen.
Effizient bauen ass keng Wëssenschaft, mee en Handwierk!
Alles ass Méiglech, awer villäicht net Sënnvoll. D’Bauwierk iwwert säi ganze Liewenswee plangen a mat effizienter Technik nohalteg optimiséieren, daat ass d’Ziil wat mir eis fir all Bau setzen. Ob Material oder Ressourcen, beim Bauen, beim Ënnerhalt oder spéider beim Recycléieren, all Etapp soll an de Projet kënnen afléissen. Eis grouss Expertise hëlleft Iech Äre Bau effizient, ökologesch an ökonomesch ze gestalten.
01

Baue fir méi Liewensqualitéit

Modern Energiekonzepter verlaange vill Technik. Déi soll vun Ufank un geplangt an dem Haus ugepasst sinn. Op Nidderegenergieluuchten, alternativ Energiegewannung, Heizung, Lüftung, Materialauswahl an Orientéierung si Bestand vun enger effizienter Planung.
02

Ressourceschounend bauen

D’Planung vun engem effizienten Haus hält net bei der Technik op. Energieeffizient Baumaterial a regional Produiten sinn een Deel vum nohaltege Bauen. Wichteg ass awer och schonns bei der Planung ze kucke wéi déi verbrauchte Ressource erem kënne recycléiert ginn. Mam Gedanke vun der ‘Economie Circulaire’ ass de Choix vum richteg Material eng aaner Methode Äre Projet effizient ze realiésieren.
03

Flächenoptimiséiert bauen

Grouss Trapenhaiser brauche vill Energie, gehéieren awer dachs net zum Wunnraum. E Gank an der Mëtt vum Haus ouni natierlecht Liicht, laang Weeër, alles Deeler déi vill Energie kaschten a mat kreative Konzepter optimiséiert kënne ginn.